top of page

Statioun 1

Salut :-)

Flott, datt dir wëllt eisen Trëppel-Rätsel-Tour maachen. Mir wënschen iech vill Spaass an eng flott Wanderung iwwert eis 20 Statiounen. Fir déi 9 km kënnt dir ca. 2-3 Stonnen aplangen. Dir entdeckt vill Spannendes a punkto Wéngerten, Riewen, Wäin ... an natierlech iwwert eis wonnerschéin Muselgéigend hei zu Schengen.

Wichteg:

Dir musst den ganzen Tour ëmmer mam selwechten Handy scannen! Dofir checken, op e voll gelueden ass, oder eng Powerbank mathuelen.

Notéiert all Buschtawen-Zuelen-Puer, dat dir ënnerwee erausfannt; zum Schluss braucht dir déi, fir de Code ze knacken.

Sou, elo awer lass, hei ass déi éischt Fro:

Wann dir elo dem Schëld de Réck dréit, da kuckt dir direkt op de Pinot Noir Wéngert vum Georges Weber. Zielt d'Riewereien. Multiplizéiert dës Zuel mat der Unzuel u Snacks op eiser Kaart.

Dat ass är Äntwert fir d'Statioun 1 an och de Wäert vum Buschtaf A. Gutt opschreiwen!

Äntwert:

Domaine de Schengen - Trëppel Rätsel Tour Domaine de Schengen - Trëppel Rätsel Tour Domaine de Schengen - Trëppel Rätsel Tour Domaine de Schengen - Trëppel Rätsel Tour Domaine de Schengen - Trëppel Rätsel Tour Domaine de Schengen - Trëppel Rätsel Tour Domaine de Schengen - Trëppel Rätsel Tour Domaine de Schengen - Trëppel Rätsel Tour Domaine de Schengen - Trëppel Rätsel Tour Domaine de Schengen - Trëppel Rätsel Tour
bottom of page