top of page

Trëppel Rätsel Tour - Informatiounen

​

Super, datt Dir eis Rätselwanderung maache wëllt! Mir hoffen, Dir hutt vill Spaass an eng wonnerbar Wanderung duerch eis 20 Statiounen. Dir sollt ongeféier 4-5 Stonnen fir déi 12 km Streck arechnen.

​

De Start an d'Zil sinn allebéid bei eisem Wäigaart Aler Bar.

​

Dir kënnt dësen Tour an engem Stéck oder an 2 Etappen maachen.

Etapp 1: Statiounen 1-10: 5,5 km
Etapp 2: Statiounen 11 - 20: 6,5 km

​

Op der Statioun 10 entscheet Dir, ob Dir fir haut ophale wëllt oder weiderfuere wëllt.
Wann Dir ophaalt, sidd Dir a 5 Minutten de Bierg erof zeréck bei Ärem Auto a kënnt eng aner Kéier mat Etapp 2 weiderfueren, andeems Dir de QR-Code vun der Statioun 1 scannt an dann Etapp 2 auswielt.

​

Dir wäert vill spannend Saachen iwwer Wéngerten, Riewen, Wäin ... an natierlech iwwert eis schéi Muselregioun hei an der Gemeng Schengen entdecken.


Awer passt op: Schwéier landwirtschaftlech Maschinnen aus de Wéngerten kënnen zu all Moment op de Weeër opdauchen, also haalt wgl. är Aen an Oueren op!

​

Wichteg Reegelen:

​

  1. Dir musst dee ganzen Tour mam selwechten Telefon scannen! Dofir kontrolléiert ob e voll gelueden ass, oder bréngt eng Powerbank mat. Nëmmen dësen Handy scannt d'Coden, an Dir gitt d'Äntwerten drop an. Dir däerft net ofwiesselnd mat verschiddenen Telefonen scannen, soss kritt Dir eng Feelermeldung vum System, well den Numm vun der Grupp schonn existéiert oder d'Reiefolleg net agehale gouf.

  2. Dir musst och d'Etapp 2 mam selwechten Handy maachen!

  3. Op der rietser Säit vum Écran, nieft de Fändelen, fannt Dir en HELP [?] Knäppchen. Är Zäiten, Distanzen an Äntwerten ginn hei opgeholl; Dir braucht dës fir d'Kombinatiounsschlass um Enn ze knacken.

  4. Vergewëssert Iech, datt Dir d'Äntwerten op d'Froen am Kapp behaalt, well Dir se spéider braucht. Schreift einfach alles op (op Ärem Handy oder op déi almoudesch Manéier op Pabeier).

  5. Ganz riets nieft dem HELP [?] Knäppchen fannt Dir de Lautsprecher-Knäppchen. Dir kënnt en zu all Moment drécken, fir all Texter (Froen, Erklärungen, Feedback) virgelies ze kréien.

​

Vill Spaass!

​

🏆 Ranglëscht 🏆

​

Eis Wangerten

Punkte verbannen

De liicht anere Wënzerbetrib ... Mir invitéieren Iech, eise klenge Wënzerbetrib mat all senge Facetten ze entdecken.

bottom of page